Turmes on Tour – Dag 5: Zukunftsdreem an Zukunftsangscht

Moies fuere mer op Esch Belval, wou un der Zukunft vu Lëtzebuerg soll gebaut ginn. Meeting matt engem Team vu jonke Fuerscher, déi wëllen zu Lëtzebuerg e Fuerschungszenter vir Parkinson opbauen, enger Krankheet déi wäert ëmmer méi massiv optrieden an zu Lëtzebuerg schonns méi wéi 1000 Leit betrëfft. Op Basis vun Analyse vu Mikroben-Muster am mënschleche Kierper soll no Therapië gesicht ginn. An des Fuerschung fléissen zu Lëtzebuerg méi wéi 100 Milliounen Euro. Ass Biotechnologie wierklech d’Zukunft vu Lëtzebuerg an dat Geld wäert?

Fazit: Fuerschung muss zu Lëtzebuerg méi transparent ginn an d’Politik muss sech hei méi aschalten – ëmmerhi ginn do massiv Steiergelder eran.

Dono gi mer bei de Lycée technique Nic Biever op Diddeleng vir matt ronn honnert Schüler iwwert d’Zukunft vun Europa ze diskutéieren. Eng Fro déi ëmmer erëm kënnt: Dirigéieren d’Lobbyen oder dirigéiert Politik Europa?

Nomëttes gi mer mat der grénger Deputéiert Viviane Loschetter eng Initiative besichen, déi sech grad ëm d’Zukunft vun deene Jonke këmmert: den Atelier Schlaifmillen zu Bouneweg bidd Jonken, déi keen Job fannen, eng praxisorientéiert a kuerz Ausbildung. Et ass wichteg, di Jonk net a Beschäftegungsinitiativen ze parken, mee hinnen ze hëllefen, séier um klasseschen Aarbechtsmaart eng Plaz ze fannen. An och d’Patron’en musse méi Brécke bauen a Jonken, déi motivéiert sinn, mee net iwwerall reusséiert hunn, eng Chancë ginn. Am Gespréich matt de jonke Chômeure virun allen een dramateschen Androck: Sie gi vergiess!

Fazit: D’Zukunft vun Europa sinn déi Jonk – en Europa dat sie vergësst, huet keng Zukunft.

Ofschloss vum Tour muer de Moien um Knuedler um grénge Stand. Kommt laanscht!

 


Les autres actualités On Tour