Turmes on Tour – Dag 4: Pionéier made in Luxembourg

Moies gi mer bei d’Uewefabrik Hein zu Stroossen, e Familljebetrib, dee kal a waarm gewinnt ass: no engem Brand hu sie de Betrib nees quasi vun Null opgebaut. Sie produzéieren zanter 1882 Bakiewe fir Bäckereien a si spezialiséiert op besonnesch energiespuersam Iewen. En Uewen deen 200 Brout produzéiert, brauch esouvill Energie wéi 5 Eefamilljenhaiser. 35 Prozent vum Käschtepunkt vun engem Bäckerbetrib ass Energie. Do ass vill Innovatiounsspillraum.

Fazit: Et muss een net op die grouss Fësch waarden zu Lëtzebuerg, et gëtt vill Innovatioun am klengen zu Lëtzebuerg, déi awer misst besser a méi séier finanziell ënnerstëtzt ginn!

Dono ass Visite bei enger Institutioun, déi oft vergiess gëtt: d’Europaparlament zu Lëtzebuerg. Mir wëllen am Gespréich matt dem Personal wëssen, wou de Schong dréckt a wéi mer konkret kënnen upaken, fir datt net ëmmer manner Europabeamten op Lëtzebuerg wëlle kommen. D’Diskussioun ass e Spigel vun der nationaler Debatt: vill Kritik iwwert di héich Immobiliepräisser zu Lëtzebuerg an déi schlecht Zuchverbindungen op Bréissel.

Fazit: Mir musse méi man, fir den Europastandort Lëtzebuerg attraktiv ze halen.

Nomëttes gi mer bei e Betrib, dee verstoppt zu Betzder am Bësch läit an am Weltall schafft: d’SES. De Betrib ass deen zweete Satelittebedreiwer op der Welt, expandéiert weider an zielt 450 Leit Personal aus 27 Länner alleng zu Lëtzebuerg. Eng Success Story, och well de Staat hei als wichtegen Aktionär eng immens wäitsiichteg Roll gespillt huet. Dat ënnerscheed d’SES vun den anere Satelittebedreiwer, déi all a privater Hand leien. De groussen neie Projet vun SES ass “O3b” (“the other three billion”), e Satelittesystem, deen High-Speed-Internet fir Entreprisen, Regierungen an Televisiounen an Afrika bereet stellt, do wou Internet elo nach net gutt fonctionnéiert.

Fazit: d’Satellitebranche huet eng gutt Zukunft zu Lëtzebuerg a kann a Kooperatioun matt anere Betriber och nach gutt expandéieren.

Ofschloss zu Walfer op enger Oweskonferenz zur Eurokris: Vill interessant Gespréicher ….a spéid an d’Bett.


Les autres actualités On Tour