Turmes on Tour – Dag 3: Neel mat Käpp!

Moies fir d’éischt emol eng Visite bei engem super Projet wou Europa all Dag gelieft gëtt, dem däitsch-lëtzebuerger Lycée. Diskussioun matt enger Klass vu lëtzebuerger an däitsche Studenten iwwert Europa. Eng Fro war: Firwat ginn d’Direktere vu Banken déi Mëscht gebaut hunn eigentlech net einfach entlooss? Effektiv…

Nomëttes zréck an d’Industriezone Potaschbierg: Do weist d’Firma SAB, déi am Stolbau schafft, datt een als klenge Betrib, dee séier a flexibel ass, dem Client nolauschtert an ‘handmade’ a ‘sur mesure’ produzéiert weltwäit Succès kann hunn. SAB huet beispillsweis eng Düs entwéckelt, déi Héichiewe méi energiespuersam mécht a Stolkonzerner bis zu enger Millioun Euro pro Joer spuert. Deen Top-Betrib huet awer méi wei 6 Méint gewaart, bis en vum Economie-Ministär wéinst enger Subventioun zreckkontaktéiert gouf. D’Informatiounspolitik vun der Regierung am Beräich Aiden vir d’Industrie ass deck miess, soen eis d’Leit vu SAB.

Fazit: Et muss een net a China reesen, vir eppes vir Lëtzebuerg ze man, Här Schneider!;)

Dono gi mer op e ganz besonnesche Schantjen zu Hierber: Do gëtt en Haus aus dem 19 Jorhonnert energiesanéiert. E flotten Challenge, deen och fonctionnéiert. Diskussioun mat Experten – an den Europadeputéierte klemmt op den Dag.

Fazit: Vill Haiser zu Lëtzebuerg si virun 1955 gebaut ginn an aus Sandsteen. Déi sinn energetesch guer net esou schlecht an do musse séier adaptéiert Modeller entwéckelt ginn, wei een déi kann energiesanéiren.


Les autres actualités On Tour