Turmes on Tour – Bilan: Dir sidd effektiv Europa!

Ech si villen interessanten a sympathesche Leit begéint, engagéierte Bierger, Handwierker, Baueren, Wënzer, Industrieller, Fuerscher, Sozialaarbechter a Studente fir mat hinnen iwwert d’Kris an Europa ze schwätzen.

Si all eent eppes: sie wiere sech géint den Zynismus a gleewen un Europa an u Lëtzebuerg – a si schaffen engagéiert un eiser Zukunft a weisen, dat eist Land enorm Stäerkten huet – a mer am Ausland en aneren Image verdéngen. Et ass mer dowéinst net baang fir d’Zukunft.

Ech hu vill Ideeën a Virschléi matgeholl, op deenen ech wäert weider schaffen.

Merci un all déi, déi matgemeet hunn a bis geschwënn.


Les autres actualités On Tour