Klimahelden-Tour : Eintrag 9

Duerchschnëttlech stinn eis Autoe ronn 23 Stonnen am Dag um Parking an net benotzt. Dofir gëtt et mëttlerweil weltwäit ëmmer méi sougenanntenen « Carsharing »-Initiativen. Dëst si besonnesch interessant fir Leit, déi entweder keen Auto hunn, déi hiren Auto wëllen ofschafen oder fir Leit, déi sech keen zweeten Auto wëlle kafen, awer nach heiansdo ee bräichten. Den Haaptvirdeel vu Carsharing fir den Klima ass, dass wann een zesummen en Auto deelt dëst méiglecherweis dozou féiert, dass manner Leit an den eegen Auto klammen a bei gutt ausgebaute Carsharing-Systemer a Kooperatioun mat anere Mobilitéitsservicer esou souguer de Gebrauch vun Autoen allgemeng ofhëlt. Dëst verbessert d’Loftqualitéit a reduzéiert de Kaméidi. Och zu Lëtzebuerg gëtt et mëttlerweil verschidde Projeten, wei beispillsweis de vun der Nordstad, den ech op der 8. Etapp vu menge Klimaheldentour besiche war!


Les autres actualités On Tour