Klimahelden-Tour : Eintrag 6

Op der 5. Etapp vu mengem Klimaheldentour war ech zu Besuch op der Pop-Up-Universitéit vun den Transitiouns-Pionéieren. D’Transition Towns sinn eng international Bewegung, déi net nëmme bei Energie an Transport aner Weeër goe well mee insgesamt eis radikal Konsumgesellschaft hannerfreet. Zu Lëtzebuerg hun de Norry Schneider a Frënn Transition Minette gegrënnt an si organiséiere mëttlerweil Gemeinschafts-Solaranlagen, Gemeinschaftsgaert, gemeinschaftlechen Akaf vu Bioliewensmëttel, awer och Tauschbörsen an Do-Itourself Atelieren. Eng Bewegung déi ëmmer méi Leit motivéiert.

 


Les autres actualités On Tour