Klimahelden-Tour : Eintrag 15

Kuerz virum neie Joer wollt ech mat iech nach d’Fotoe vun der 14. a leschter Etapp vu mengem Klimahelden-Tour deelen. Ech war bei der Initiativ « Eis Epicerie » zu Zolwer, wou Klima, Ëmwelt a Soziales matenee verbonne ginn. Hei gi regional a wa méiglech Bioprodukter ugebueden an d’Epicerie ass net nëmmen en Treff fir d’Leit vun Zolwer, mä se huet och besonnesch Tariffer fir leit mat manner Akommes. D’Myriam, de Jos an all déi, déi bei hinne matschaffe sinn definitiv Klimahelden am Alldag!

 


Les autres actualités On Tour