Klimahelden-Tour : Eintrag 13

Och Solarenergie kann en Bäitrag leeschte fir déi extrem Aarmut an Afrika ze bekämpfen. Dat hunn d’Nations Unies erkannt a plangen am Moment am Süd-Sudan en grousse Projet, bei dem mat Solarenergie Waasser eropgepompelt a propper gemaach gëtt. Dat ganzt gëtt erméiglecht duerch Technologie, déi Made in Luxembourg ass an um Potaaschbierg entwéckelt a produzéiert gëtt. De Jürgen Schopp vu SOLARtec ass en brillanten Tüfteler dee säit 30 Joeren dezentral an autark Solarsystemer zu Lëtzebuerg an och an Afrika installéiert – definitiv en Klimaheld am Alldag!


Les autres actualités On Tour