Klimahelden-Tour : Eintrag 12

Op der 11. Etapp vu mengem Klimaheldentour war ech beim Familljebetrib Bois Scholtes zu Manternach. Holz ass en ëmwelt -a klimafrëndlecht Material wat am bau an Zukunft ëmmer méi wichteg gëtt. Holz gutt zouschneiden an am Detail preparéiere fir um dach oder als maueren ass eng Konscht, déi haut mat vill perséinlechem Asaz an och mat neister Computertechnik verbonnen ass. An wann d beem dann och nach zu 90 % aus Lëtzebuerger Bëscher kommen an net vu ganz wäit fort importéiert musse ginn, dann ass de Klimaeffekt nach méi positiv.


Les autres actualités On Tour