Klimahelden-Tour : Eintrag 11

Op der 10. Etapp vu mengem Klimaheldentour war ech mat der Stater Klimaheldin a Verkéiersschäffin Sam Tanson d’Buschauffere vun der Stad Lëtzebuerg besichen. D’Servicer vum Bus vun der Stad Lëtzebuerg suerge mat hire Busser – a geschwënn och mam Tram – dofir dat d’Leit an a ronderëm der Stad méi ëmweltfrëndlech transportéiert ginn. Fir dass dat klappt brauch een eng gutt Organisatioun, gutt Material ewéi z.B. Hybrid-Busser, déi ëmmer wann et geet, elektresch fueren. An virun allem: Buschaufferen, déi bei all Stress d’Leit sécher vun A op B bréngen!


Les autres actualités On Tour