Fir en EU-Label fir vegan Produiten

Den Choix, sech vegan ze ernähren kann op ganz vill verschidden Motivatiounen zreckgoen: et perséinlech Iwwerzeegung sinn, et kann och op gesondheetlech oder perséinlech Grënn berouen. Ouni klore Labelling gëtt awer den Konsumenten d’Recht geholl fir en eegene Choix ze treffen.

 

Leider gëtt et ëmmer nach keen eenheetlechen an op strengen Critèren berouenden Label fir vegan Produiten. Et gëtt et och nach ëmmer Firmaen déi hiert Iessen fälschlecherweis als „fir Veganer gëeegent“ verkafen, obwuel dëst Iessen beispillsweis un Deieren getest ginn ass oder Inhaltsstoffer enthält déi vun Deiere kommen.

 

De Konsumenten hier Entscheedungen ze respektéieren ass kee Recht – et ass eng Pflicht! Dofir setzen ech mech fir en europawäiten Label fir vegan Produiten an kloer an richteg Informatiounen um Emballage vun den Produiten! Aus dësem Grond hunn ech mech eng breet Allianz vun Europadeputéierten aus allen politeschen Lageren opgebaut an zesummen d’EU-Kommissioun dozou opgefuedert, eng EU-Gesetzgebung ze proposéieren.

 

Mir hoffen dat esou eng Basis fir korrekte Labelling geschaafe gëtt, net nëmme fir Veganer a Vegetarier, mee fir all déi Konsumenten déi en informéierte Choix wëlle maachen.

 

Bréif un EU-Kommissioun (Link to PDF)

Actualite-Vegan-letter


Les dernières actualités