D’Europäesch Plastik-Strategie

No laangjäregem Kampf huet d’EU-Kommissioun haut eng Europäesch Plastik-Strategie virgestallt.

5 bis 13 Milliounen Tonne Plastik gelange weltwäit pro Joer an d’Ëmwelt an et gëtt gesot dat mir, wa näischt gemaach gëtt, 2050 méi Plastik wéi Fësch am Mier wäerten hunn.

Plastiksoffall an der Ëmwelt an am Mier ze vermeiden ass wichteg fir eis Ëmwelt a Gesondheet ze schützen. Mikroplastiken zum Beispill bréngen de mënschlechen Hormonhaushalt duercherneen a sinn an Haushaltsproduiten wéi zum Beispill Zahnpasta oder Hautcreme ze fannen. Wa si als Knascht an d’Emwëlt kommen, kenne si do vun Déieren opgeholl ginn an esou net nemmen schiedlech fir d’Déier sinn mee och op deem Wee an eisem Iessen landen.

D’EU-Kommissioun huet sech elo engagéiert, bis Mee 2018 eng Propose ze maache fir emol-verwendbar-Plastiksobjeten ze limitéieren. Des Weidere soll d’EU e Verbuet vu Mikroplastiken a vun Oxo-Plastiken ënnert der Chemikalieregulatioun REACH ausschaffen. Mir freeën eis och op di nei Verpakungsdirektiv, déi hoffentlech der Iwwer-Verpackung nach virun 2030 en Enn bereede wäert, an op d’Aarbecht zum Verwende vu recycléiertem Material am Bau an an Autoen.

Mir als Gréng begréissen d‘ Propose vun der EU-Kommissioun, hätten eis awer méi konkret Aktiounen erwaart:

Am Beräich vun der Direktiv iwwert Plastikstuten z.B. gëtt scho säit 20 Méint op eng Method fir emol-verwendbar Plastikstuten ze zielen gewaart, während d’Etiquetéiere vu biodegradabele Plastikstute säit 8 Méint op sech waarden léisst.

An och am Beräich geféierlech Additiven geet d’EU-Kommissioun nëmmen op eventuell Problemer beim Recycling an, proposéiert awer näischt fir dës Additive vun Ufank un net an de Plastikstuten dran ze hunn….

 

De Pressecommuniqué vun der EU-Kommissioun zur Europäescher Plastik-Strategie fannt dir hei: http://europa.eu/rapid/press-release_IP-18-5_en.htm


Les dernières actualités