3 Froen un de Claude Turmes zur Nominéierung vum Jean-Claude Juncker als EU-Kommissiounspresident

Claude Turmes: De grénge Grupp am Europaparlament huet sech am Virfeld vum Vote laang mat der Personalie Juncker beschäftegt. Wéi hie bei eis invitéiert war fir säi Programm virzestellen, hunn mir op ville Punkte kritesch nogehaakt. Op ville Sujeten huet hien zefriddestellend Äntwerte ginn a Kooperatiounsbereedschaft gewisen. Mä verschiddene vu menge Kollege waren seng Aussoen deelweis net konkret genuch. Ech an aner gréng Deputéiert wéi z.B. de José Bové wollten dem Juncker awer en Vertrauensvirschoss gewäerden, well mir iwwerzeegt sinn, dass hien eng besser Aarbecht leeschte kann, wéi säi Virgänger José Manuel Barroso.

Wat sinn da fir dech déi Punkten déi dech dozou beweegt hunn, fir hien ze stëmmen?

Claude Turmes: De Jean-Claude Juncker huet a sengem Programm fir déi nächst 5 Joer verschidden Zieler iwwerholl, déi mir wichteg sinn an déi mir esou och an eisem Wahlprogramm haten. En huet sech beispillsweis kloer fir en europäesche Mindestloun, fir de Kampf géint Sozialdumping a géint de Jugendchômage, fir en obligatorescht Lobbyregister a fir méi Transparenz an allen EU-Institutiounen, fir bindend Energieeffizienzziler a géint déi aktuell Zouloossungsprozedure bei den OGMen ausgeschwat.

Heescht däi Vote, dass du an deenen nächste 5 Joer bedingungslos hannert dem Här Juncker stees?

Claude Turmes: Nee, déi gesamt gréng Fraktioun am Europaparlament wiert, wéi bis elo och, d’Aarbecht vun der EU-Kommissioun kritesch begleeden. Do, wou d’Kommissioun sënnvoll Proposë mécht, wäerte mir se selbstverständlech ënnerstëtzen, mä do wou falsch Entscheedunge getraff solle ginn, wäerte mir Widderstand leeschten. Elo erwaarden ech ganz konkret, dass de Jean-Claude Juncker seng Verspriechen ëmsetzt, ënner anerem andeems hien a wichtege Beräicher wéi der Wirtschafts-, Sozial-, Ëmwelt-, Klima- an Energiepolitik kompetent Kommissäre benennt, déi fir eng progressiv an nohalteg Agenda stinn.


Les dernières actualités